+352 27 99 34 50 info@meinraum.lu

MUSEK DEET MIR GUDD

Rendezvous ee Mol am Mount fir ee musikalesche Moment, nëmme fir Iech selwer, zesumme mat anere Fraen!
An Ärem Liewe kënnt Dir als Fra verschidde Rollen erfëllen (Partnerin, Mamm, Meedchen, Kollegin).

Dir sidd gefuerdert, fir op d’Bedürfnisser vun Ärem
Entourage anzegoen, fir mat den Erausfuerderunge vun engem ëmmer méi séiere moderne Liewensstil ëmgoen ze kënnen an dobäi Zäit ze fanne fir Är
Famill, den Haushalt, d’Aarbecht. Oft schloen sech dës Ufuerderungen op perséinlech Hobbyen an d’Zäit fir Iech selwer néier.

“Musek deet mir gudd” wëll de Participanten e Moment nëmme fir si selwer bidden.

E puer Stonnen, wou si (erëm) léiere kënnen, fir héierbar ze sinn, fir ze spillen, kreativ ze sinn, sech ze entspanen, deenen no ze lauschteren, déi si ëmginn,
Deel ze si vun der Stëllt, op non-verbal Manéier mateneen ze kommunizéieren a fir u Klangkreatiounen deelzehuelen.

Cathy Schmartz, diploméiert Psychologin a Musekstherapeutin.
Mellt Iech un:

musekdeetmirgudd@gmail.com
Mein Raum
6, Av. Berchem
L-1231 Howald

Freides owes
19:00-21:00 Auer
Op L, D, F, E, NL
Fir e Grupp vu Frae vu 16 Joer un
Tarif: 30€ / Seance
(alternativen Tarif op Ufro)

 

 

 

 

PDF herunterladen Musek deet mir gudd L

Author Info

Sonja S

No Comments

Comments are closed.

zurück